Service-Informatioune fir eis Patienten aus dem Ausland

Gäre kënnen och Patienten aus dem Ausland an d'Capio Mosel-Eifel-Klinik zur Ënnersichung a Behandlung vun hirem Veneleide kommen. Mir ënnerstëtzen Iech an Är Begleetpersoun bei der Organisatioun an Terminofsprooch.

Medizinesch Kompetenz
Eist Team vun Dokteren deckt e grousse Spektrum un ënnerschiddlechen Therapieverfahren of, déi jiddem Patient a sengem individuelle Befonnt gerecht ginn. Wéiee Verfahren zum Asaz kënnt, hänkt vum individuelle Befonnt, dem Alter an eventuellen Niewenerkrankunge vum Patient of. Mir bidden eise Patiente virun allem:

- all Ënnersichung op Ultraschall- an Infrarout-Basis, also vollkommen ouni Risiko a Péng
- minimalinvasiv, sougenannt schnëtt- an narbefräi Verfahren,
- all Operatiounen an der Lokalbetäubung (Tumeszenz-Lokalanästhesie), also ouni Vollnarkos a réckemuerchsno Anästhesie,
- op Wonsch Schlummerschlof fir Patienten, déi Angscht virun der Operatioun hunn
- sou wéi venenerhalend Verfahren

Käschteniwwerhuelung mam Formulaire S 2
Wann Äert Land Member vun der Europäescher Unioun ass, kënnt Dir bei Ärer Versécherung en Antrag op Käschteniwwerhuelung stellen. Gesetzlech Versécherten aus der EU ass et erlaabt, eng länneriwwergräifend Behandlung an Usproch zu huelen, wann dës medizinesch néideg an/oder am Heemechtsland net duerchféierbar ass. Beuecht w.e.g. datt Dir dozou verpflicht sidd, d'Käschteniwwerhuelung vun Ärem Openthalt an Däitschland virum Ufank vun der Behandlung unzefroen.

Mir brauchen:

- Iwwerweisung vum Dokter
- S-2-Schäin vun Ärer Krankekees (Gesetzlech verséchert Patienten)
- Käschteniwwerhuelungserklärung vun Ärer Privatversécherung (Privatpatienten)

Begleetpersoune sinn häerzlech wëllkomm
Begleetpersoune vun eise Patiente sinn an der Capio Mosel-Eifel-Klinik häerzlech wëllkomm. Eis am Hotelcharakter ageriicht Klinik bitt eng Ambiance an där ee sech wuel fillt an entspaant. Jee no fräier Bettenunzuel kënne Begleetpersoune vun eise Patienten den Openthalt zu Bad Bertrich genéissen. Kuckt Iech hei eis Ënnerbréngungsméiglechkeeten un.

Gären erstelle mir Iech en individuelle Preavis fir Iech an/oder Är Krankekees.

Visum
Alle Familljememberen aus den EU-Staaten ass et erlaabt, ouni Visum an d'Bundesrepublik Däitschland anzereesen. Wann Äert Land der Europäescher Unioun net ugehéiert, kënnt Dir op der Homepage vum Auswäertegen Amt vun der Bundesrepublik Däitschland eng detailléiert Beschreiwung fanne, op Dir fir den Openthalt an der Capio Mosel-Eiffel-Klinik e Visum braucht.



Service-Informatioune fir eis letzebuergesch Patienten

Déi Lëtzebuerg am noste geleeë spezialiséiert Venefachklinik ass d'Capio Mosel-Eifel-Klinik zu Bad Bertrich. Vill Lëtzebuerger Patienten notzen d'Virdeeler vun der medizinescher Spezialiséierung a loosse sech hier Varicen an aner Venenerkrankungen hei behandelen.
Eist Team vun Dokteren deckt e grousse Spektrum un ënnerschiddlechen Therapieverfahren of, déi jiddem Patient a sengem individuelle Befonnt gerecht ginn. Wéiee Verfahren zum Asaz kënnt, hänkt vum individuelle Befonnt, dem Alter an eventuellen Niewenerkrankunge vum Patient of. Mir bidden eise Patiente virun allem:

- all Ënnersichung op Ultraschall- an Infrarout-Basis, also vollkommen ouni Risiko a Péng
- minimalinvasiv, sougenannt schnëtt- an narbefräi Verfahren,
- all Operatiounen an der Lokalbetäubung (Tumeszenz-Lokalanästhesie), also ouni Vollnarkos a réckemuerchsno Anästhesie,
- op Wonsch Schlummerschlof fir Patienten, déi Angscht virun der Operatioun hunn, sou wéi
- venenerhalend Verfahren

De Wee an d'Capio Mosel-Eifel-Klinik

1. Procedere:
Iwwerweisung vun engem lëtzebuergeschen Dokter.
Beundroe vum S-2-Schäin (bis 01.05.2010 Formulaire E 112) bei Ärer Krankekees.
Beundroe vun der Käschteniwwerhuelungserklärung vun Ärer Privatversécherung.

2. Virënnersichung
D'ambulant Virënnersichung vun Ärem Venesystem gëtt an eisem Medizinesche Versuergungszentrum, Bäderstraße 1, D-56864 Bad Bertrich virgeholl. D'Ënnersichung dauer ongeféier 1,5 Stonnen. No der Ënnersichung besprécht de Venespezialist mat Iech, dat fir de Befonnt ausgewielt Therapiekonzept.

3. Operatioun
Jee no Ärem individuelle Befonnt an Therapiekonzept kënnt eng ambulant oder stationär Operatioun a Fro.

Ambulant Operatioun
Am Kader vun engem speziellen Ofkomme fir Lëtzebuerger Patiente sidd Dir ulässlech Ärer ambulanter Operatioun am Haus Sonnenberg vun der Capio Mosel-Eifel-Klinik ënnerbruecht. Sou genéisst Dir d'Sécherheet an de Komfort vum Klinikbetrib. Fir Är Ënnerbréngung a Verfleegung berechne mir en Onkäschtebäitrag vu 40,- Euro pro Dag.

Stationär Operatioun
Wann Är Operatioun stationär duerchgefouert gëtt, sidd Dir am Haus Sonnenberg (gesetzlech verséchert Patienten) oder am exklusiven Haus Römerbad (privat verséchert Patienten) ënnerbruecht. Besonnechkeete vun eenzele Versécherungen:

Caisse Medico-Chirurgicale Mutualiste (CMCM)
Wann Dir bei der CMCM privat zousazverséchert sidd, da bréngt eis w.e.g. vun do eng Käschteniwwerhuelungserklärung mat. Da kënne mir direkt mat Ärer CMCM ofrechnen.

Europäesch Unioun (EU)
Wann Dir bei der Europäescher Unioun (EU) privat zousazverséchert sidd, da bréngt eis w.e.g. vun do eng Käschteniwwerhuelungserklärung mat. Da kënne mir direkt mat Ärer EU ofrechnen.

DKV
Wann Dir bei der DKV Luxemburg privat zousazverséchert sidd, da bréngt eis w.e.g. vun do eng Käschteniwwerhuelungserklärung mat. Da kënne mir direkt mat Ärer DKV ofrechnen.

Sinn eenzel Klinikleeschtunge vun der Käschtenzouso ausgeholl, biede mir Iech, den Dag vun der Ofrees dës Leeschtunge virof ze begläichen.

Ihr Ansprechpartner

Capio Mosel-Eifel-Klinik

Kurfürstenstraße 40
56864 Bad Bertrich
GERMANY

Op ee Bléck